Eis Kanner -eis Zukunft!
Eis Gesellschaft an all Eenzelnen dierf et net zouloossen, dat Kanner mëssbraucht ginn, vun Doheem eng "Fugue" maachen, op der Strooss landen, an Drogen a Prostitutioun ofrutschen.Kanner, Jongen (13 Mio weltwäit) a Meedercher (2 Mio weltwäit) dierfen och net genitalverstümmelt ginn.
Genitalverstümmelungen vun de Kanner béider Geschlechts (och Erwuessener) sinn eng uereg Mënscherechtsverletzung an dierfe net aus reliéisen oder politesche Grënn entschëllegt ginn.
E ass och absolut kee Grond Mënscherechtsverletzungen als "Traditioun" einfach protestlos unzehuelen.
Et ass eng helleg Pflicht vun all Regierung, dofir Suerg ze droen, datt an de nationalen Organisatiounen d'Migrantenelteren op déi "universal Mënscherechter" opmierksam gemaacht ginn.
Grad esou dierfe "Reliounen" net diesbezüglech Mënscherechtsverletzungen zouloossen. Eng Relioun déi, déi "universal 'Mënscherechter" verletzt ass keng Relioun mä eng Sekt an dierf vum Staat net mat Subsiden ënnerstëtzt ginn.
Reliounsführer, déi sech "Sekte" géigeniwwer Respekt an Toleranz verspriechen, maachen sech schëlleg.
droits d'auteur: Kopéieren authoriséiert nëmme mat Quellenoweis: Luxbiergerin
0 Kommentare:
Kommentar veröffentlichen