Samstag, 3. Mai 2008

Euthanasie


Katholike géint Katholiken opgehetzt, elo kéinten se all Farf bekennen!

Ech wollt iech déi Mail vun deem Papp do net virenthalen (ech entschëllegen hien, en ass der Volkshetz vun der fundamentalistescher, kath. Kierch zum Affer gefall: Fundamentalisten géint fortschrëttlech Katholiken. Déi Mail ass a méngen Aen eng dout eescht Affaire, déi dem Här Hellinghausen (Priesterseminär) séng Kultur des Todes ausgeléist huet, wou mir all mat Mäerder gläichgestallt ginn. Hei wat e Papp a sénger Mail geschriwwen huet.

Mme XY
Ech hun ee Jong vun 11 Joer den eng onheelbar Geenetesch krankheet huet.Soll ech dann elo soen mier sollen en doud machen’ ?Ech kann iech just matdeelen daT ET WONNERSCHEIN MAT HIM ASS och wann en am Rollstull setzt huet en ganz vill kleng Kollegen dei bei hien spillen kommen.ECH SINN AERT BLOEDS GESCHREIWS SAAT.Menger meenung hut dier nach nie esou eppes mat gemach soss gift der iech net esou dernieft behuelen .Ech hoffen dat der nie an esou eng Situatioun wei meng Famille et elo seit 7 Joer matmecht.Ech inviteieren iech awer gaeren dest Joer mat eis an d Vakanz ze fueren an wärend 2 Wochen den Rollstull ze drecken mais ech mengen mein Bouf häl schon no 2 stonnen dfläm mat iech.A wann et iech an desem Land net mei gefält et hält keen iech dervun of fier auszewanderen SABBLEREN BEHALEN MER AWER GENUCH JUST EEN MANNER.

Ech fannen et geet elo déck duer Bierger géint Bierger, Katholik géint Katholik opzehetzen. Dat huet absolut näischt mat Meenungs-oder Reliounsfräiheet méi ze dinn. Dat ass Volkshetz éischter Klass. Esou eng Kierch entsprëcht net de Mënscherechter a gehéiert den Dix geriit ze kréien.

Just grad dee Papp do am Misär, a virun allem dee klénge Patient vun elo 11 Joer, huet e Recht spéider, sollt Bedarf sech erginn, op aktiv Stierfhëllef. Elo ass de Papp esou veronséchert, datt e grad déi uklot déi him gutt gesënnt sinn. Wat mécht dee Papp wa säi Jong spéider d’Péng net aushält a selwer d’Stierfhëllef ufreet oder se emol net méi selwer froe kann a kläglech erstéckt z.B. Ech wees jo net wat fir eng schro Krankheet dat Kand huet, mä ech denken schonns, datt se schro ass. Oder vill Alzheimer Patienten net méi schwätze kënnen well se total erstarrt sinn an hirer Muskulatur an hire Nervesträng, an d’Personal onfäheg ass d’Péng festzestellen.

Katholik géint Katholik opgehetzt, d’Fundamentalisten géint d’Fortschrëttlech. Déi eng déi sech nach ëmmer vun der Kierch domm hale loossen a net selwer denken, déi aner déi u Liewensweisheet bäigeléiert hunn a sech net méi als domm Schof entmündege loossen. Hëlt ee bei där kathoulescher Petitioun elo all déi Ënnerschrëften ewech, déi irgendwéi an engem kierchleche Betrib schaffen, verwandt oder verschwägert sinn, géing et nämlech ganz moer ausgesinn
Déi Petitioun ass einfach eng Farce wéi se am Buch steet vun der Caritas A.R. dirigéiert. Eng Frau, déi sech och nach virun de patriarchale Won spaane léisst. Eng Fra déi d’Péng vun enger Gebuert net emol kennt an duerchgehal hätt.
Bei verschidden Dokteren an och bei der Kierch sollt ee nämlech och emol d’Fro nom grousse Geschäft stellen dierfen, dat mam 3. a 4. Alter ze maachen ass. Mir gi ville Jonke Brout an Aarbecht a net ëmgedréint, mir Eeler géingen op de Ressourcen vun de Jonke liewen. Elo solle mir eis vu Jonken a manner Jonken och nach soe loosse wéi mir ze stierwen hunn.

D'Kierch muss dat mat sech selwer ausmaachen, datt dat fir si elo eng grouss Blamage gëtt. Et muss een sech och nach froen, wievill vun deenen Ënnerschrëften déi nach vläicht bäikommen, d'Bierger grad esou wéineg opgekläert sinn a net wëssen em wat et eigentlech genee geet, an alles vereinfacht gëtt an ënnert Nazi-Methoden a Mord gesat gëtt.
D'Kierch huet elo gelinde gesot de Biergerkriich lassgetrëppelt an et gëtt héich Zäit, datt se sech endlech n der Politik zréchhält. Déi Beschwichtegung vum Här Péporté-Bistumsspriecher ka jo och kee Mënsch méi eescht huelen. Zënter wieni kann en einfache Paschtouer an der kathoulescher Kierch alles iwwer de Kapp vum Beschof ewech decidéieren? D’Kierch steet net méi am Duerf, d'Moschee mellt hir Rechter als nach méi ondemokratesche Platzhirsch un. A mir fuere schéi brav weider Katholik géint Katholik opzehetzen amplaz eng Eenheet ze sinn. Verrot koum nach ëmmer vu bannen, déi vu baussen erakommen kréien da fräi Hand d’Land ze iwwerhuelen well d’Chrëschte gespléckt a schwach op der Broscht sinn.
De Punkt ass schonns längst komm, wou den einfache Bierger sech vill méi mat Relioun, Reliounsphilosophie a virun allem mat Reliounpolitik beschäftegt an och auskennt. Just Kierch huet dat nach ëmmer net spatz. Se versicht mat alle Mëttel un der aler verblatzter Muecht an enger Konstrukt-Theologie festzehalen mat hirer Elite, där déi emotional Kompetenz total feelt.
…/…

Mir brauche ganz einfach eng Trennung vu Kierch a Staat? Fir deem ganze Spuk emol en Enn ze sätzen, fir e Nei-Ufank d’Kierch a fräi Volleksdelegéierter zesummen als gläichwäerteg Partner. Déi kathoulesch, fundamentalistesch Press kritt fir all verëffentlecht Zeitungssäit och nach e Subsid fir géint déi fortschrëttlech Katholiken an d’Atheisten ze goen, déi och Wäerter verteidegen a virun allem kee Mordkommando an Optrag ginn, mä eng würdeg Stierfbegleedung.
Mir sollten als emanzipéiert Katholiken och emol Fuerderunge stellen dierfen a net nëmmen d’Auslänner zu Wuert kommen dierfen oder huet schon een eng eenzeg Géigemeenung am Lëtzebuerger Wort gelies, dat mir och nach bezuelen dierfen.

Méi Demokratie a Matsproocherecht an der Kierch verlange mer, dat ass eis Recht, ass an de Mënscherechter verankert. An, datt all déi déi elo déi Petitioun ënnerschriwwen hunn konsequent eng Patienteverfügung un de Gesondheetsminister schécken, datt op kee Fall nom scheiteren vun der Palliativmedezin nach eng aktiv Stierfhëllef un hinnen dierf virgeholl ginn. Dat wier jo awer zevill einfach elo, aus wat fir Grënn och ëmmer, e Psychoterror an der Press ze veranstalten an duerno awer drop ze hoffen, datt si net am Stach gelooss ginn wann si ënnert déi 5-6% fale sollten wou d’Palliativ net gräift. Grad esou fir Dokteren, all déi , déi elo d’Petitioun ënnerschriwwen hunn, dierfe net zougezu ginn, dem gerëngsten Patient aktif Stierfhëllef ze spenden.

All déi Schreiwes déi da beim Gesondheetsministère aginn kënne jo dann als real Fuerderungen wat dat neit Gesetz ubelaangt, eescht geholl ginn. Déi 2 Fakten Palliativ an aktiv Stierfhëllef dierfe net vun ënneen getrennt ginn. De mündege Mënsch steet all Dag vu séngem Liewen an der Verantwortung a soll sech gutt iwwerleeën egal wat fir engem Säbelgerassel a Muechtusproch een op de Läim wëlles ass ze goen.

Gesetzer si net do d’Bierger auszerotten, mä dem Mënsch esou gutt ewéi méiglech ze hëllefen an e würdeg ze begleeden, mat alle Mëttel vun der moderner Medezin an den emotionale Komptenzen egal wéi al dee Mënsch ass. Et kann ee net d’Péng vun engem aneren spieren, mä et kann ee gesinn wann een et wëllt gesinn, wann e Mënsch an de Qualen ass. Bei all Mënsch ass de Fall anescht, all Mënsch huet séng eege Péng an all Mënsch huet e Recht op säin eegenen Dout. A wéi seet den Dr. Heiner Geissler –CDU, e vun de bemierkenswäerte Chrëschten iwwerhaapt: Et gëtt vläicht eng Hell, mä et ass keen dran. Dat kann ech mat ënnerschreiwen: et gëtt eng Hell, mä et ass keen dran a wann déi vatikanesch Opus Déi -Exorzisten et nach esou erbäi bieden.
droits d'auteur: kopéieren nëmme mat Quellenoweis luxbiergerin