Relioun ass och Politik, nämlech Reliounspolitik a keefalls ze vernoléissegen!
Eis Gesellschaft an all Eenzelnen dierf et net zouloossen, dat Kanner mëssbraucht ginn, vun Doheem eng "Fugue" maachen, op der Strooss landen, an Drogen a Prostitutioun ofrutschen.
Eis Gesellschaft an all Eenzelnen dierf et net zouloossen, dat Kanner mëssbraucht ginn, vun Doheem eng "Fugue" maachen, op der Strooss landen, an Drogen a Prostitutioun ofrutschen.
Kanner, Jongen (13 Mio weltwäit) a Meedercher (2 Mio weltwäit) dierfen och net genitalverstümmelt ginn. Genitalverstümmelungen vun de Kanner béider Geschlechts (och Erwuessener) sinn eng uereg Mënscherechtsverletzung an dierfe net aus reliéisen oder politesche Grënn entschëllegt ginn. E ass och absolut kee Grond Mënscherechtsverletzungen als "Traditioun" einfach protestlos unzehuelen.
Et ass eng helleg Pflicht vun all Regierung, dofir Suerg ze droen, datt an de nationalen Organisatiounen d'Migrantenelteren op déi "universal Mënscherechter" opmierksam gemaacht ginn. Grad esou dierfe "Reliounen" net diesbezüglech Mënscherechtsverletzungen zouloossen. Eng Relioun déi, déi "universal 'Mënscherechter" verletzt ass keng Relioun mä eng Sekt an dierf vum Staat net mat Subsiden ënnerstëtzt ginn.
Reliounsführer, déi sech "Sekte" géigeniwwer géigensäiteg Respekt an Toleranz verspriechen, maachen sech schëlleg a verhënneren, datt all Mënsch zu séngen "universale Mënscherechter" kënnt.
Circoncision a Genitalverstümmelungen dierfe net weidergefouert ginn als al, reléis Traditioun z.B. bei Judden a Moslem, och net bei de Chrëschten.
D'Chrëschtentum huet gréisstendeels dëss mënschenonwürdeg Traditioun ofgeluet well vill zevill Bébé, Kanner a Jugendlecher dru gestuerwe sinn, an haut nach dru stierwen.
D'Chrëschtentum huet d'Ophuelen an d'Gemeinschaft duerch Daf ersat. D'Chrëschtentum huet sech politesch nëmme weiderentwëckelt well d'Atheisten massiv Drock gemaacht hunn, an dat ass och gutt esou, soss hätt d'Kierch sech nämlech kee Millimeter bewegt. D'Kierch wor nach vu jeher ëmmer mat de Räichen, obschonns se sech ëmmer de Mäntelchen vum Sozialen uleet.
droits d'auteur: Kopéieren authoriséiert nëmme mat Quellenoweis: Luxbiergerin
1 Kommentare:
Hei ass eng Emfro zum Islam zu Letzebuerg, et geet enner anerem em Kappduch, Moscheen an d'konventioun mam Staat:
Däitsch Versioun:
http://www.eSurveysPro.com/Survey.aspx?id=4bd3bb02-68b6-446d-b8c3-7ebc39657cba
Franseisch Versioun
http://www.eSurveysPro.com/Survey.aspx?id=3693d657-cf32-47e8-86b6-9f90d048915b
Kommentar veröffentlichen