Freitag, 26. Dezember 2008

L-Kathedral: Maria, le déng Kleder of



kopéieren nömme mat Quellenoweis:
Létzeburger Bierger & Frénn
D'Maria hat fir ganz kuerz Zait hirt waisst Kled ofgeluet. Dat waisst Kled, dat si an de Corseli vum "Jungfrauenwahn" gezwongen huet. Elo könnt zum Virschain, datt si op enger Moundsichel stet an eigentlech eng matriarchal Fruchtbarkets-an Himmelsgöttin ass.
Si ass e Konschtwierk an Holz geschnétzt. Wéi kann en esou eng wonnerschéin Arbecht énnert engem Stéck Stoft verstoppen? An se dann och nach dem grousse Publikum virénthalen? D'Maria op der Moundsichel gehéiert an d'Métt vun de Leit, si ass eng Attraktioun, e richtege Bijou fir deiert Geld restauréiert.
Esou "e Bijou" gehéiert net verbannt, an och net wait ewech vun de Leit. Wann e gene kuckt gesait e nach de Kapp vun der d'Schlang énne bei der Moundsichel (zwe Mol op d’Bild klicken fir d'Vergréisserung).
D'Schlang ass d'Symbol vun der Weishet, an dat hate jo schonns déi al Ägypter eraus, vun denen d'Chréschtentum Villes kopéiert huet. Mä leider vill Guddes net iwwerholl huet.
z.B. hunn si aus der Schlang d'Symbol vun der Falschhet, enger ongesonder sexueller Verféierung gemacht.
Dobai ass d'Schlang d'Symbol vun der Weishet an der Ernéierung am Zyklus vun de Joreszaiten. D'Verjüngung an d'Operstehung, d'Garantie vum Fortbestand, dem éiwegen Zyklus am Joreskres verbonnen a gebonnen am Respekt mat der Natur.
Eng Himmelsgöttin ka jiddefalls ni eng "Magd des Herrn" sinn!
D'Himmelsmuecht vu Gott Vater eng patriarchal Diktatur, en dauernde Klinsch am Vater-Sohn-Chaos, wou d'Kraft vum Ausglaich an der Glaichberechtegung vum Weiblechen total felt. Ke Wonner, datt d'Angscht an de Krich an esou engem "Männerchaos" de Weltfridden net zu Stan komme léisst.
Elo kruet déi Himmelsgöttin déi op der Moundsichel stet och nach eng Parréck verpasst a wéi könnt et anescht sinn och nach e Schleier. An se könnt elo net méi iwwert "e bessert Gnadenbild" eraus. Eng total Manipulatioun vun de Fakten. D'Magd des Herrn stet wait ewech, onerrechbar, wait ewech vun de Leit. An hir natierlech Schéinhet schéngt éss net derwert ze sinn, se öffentlech ze weisen.
Zum Gléck kruete mir wéinstens nach e puer Biller photograféiert. We wess wini d'Maria hir Kleder nes ausgedoe kritt?












1 Kommentare:

Y.W. hat gesagt…

http://proposition.hautetfort.com/images/Maria_20081015_Luxemburg.jpg ass net super, secher gudd genuch fir 10x15 cm an vlaicht fir 20x30 cm. http://proposition.hautetfort.com/images/Maria_20080427_Greisch.jpg ass eng aner Liga.